Kultur
Schwaarzwäiss Fotografie géint Schwarzwäissmolerei
"Schwaarwäissmolerei" bedeit, am iwwerdroene Sënn, datt sech eng Persoun just an Extreemer ausdréckt, keng Nuancen dertëschent gesäit. De Lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf Edward Steichen wollt mat senger berüümter -schwaarzwäisser- Fotoausstellung "The Family of Man" géint d'Schwaarzwäissmolerei ugoen, andeems en d'Mënschen an all hire Facette weist.
De Konschtenseignant Olivier Pierson, deen och als Konschtvermëttler d'Steichen-Kollektioun am Clierfer Schlass presentéiert, huet dem Kerstin Thalau eng Foto erausgesicht, déi dat fir hie besonnesch gutt erëmgëtt.