arrow_back_ios
Kultur
Éischt Visitte vun den neien AAPL-Kënschtleratelieren
2020 goufen et allerlee schlecht Nouvellë fir de Kultursecteur. Awer am August hat d'AAPL, d'Association des artistes plasticiens du Luxembourg, gepost, datt fir Februar 2021 um Verluerekascht, an enger Residenz vu fréiere Policewunnengen, eng 45 Kënschtlerateliere prett wieren.
Den 9. an den 11. Januar hunn Interesséierter d'Méiglechkeet, en éischten Tour duerch d'Gebai an der Rue Auguste Lumière ze maachen. D'Kerstin Thalau ass vun der AAPL-Presidentin Trixi Weis méi gewuer ginn.