De Ludwig van Beethoven war ë bësse wéi de Karl May - hien huet vu grousse Reese gedreemt, koum selwer awer net wäit iwwer Bonn a Wien eraus. Wann de Komponist emol op d'Rees gaangen ass, da waren et weder Concertstournéeën nach Deplacementer fir de renge Pleséier, mee meeschtens Kur-Openthalter, fir eng vu senge Kränkten ze heelen.
arrow_back_ios