arrow_back_ios
Kultur
Wa Frae stëmmen, stëmmt dat fir d'"The Family of Man"
Et heescht jo, datt e Bild méi wéi 1000 Wierder seet. Mee dofir muss et en Observateur fir d'éischt emol uschwätzen. Dem Fotokënschtler a Curateur Edward Steichen seng berüümt Foto-Ausstellung "The Family of Man" besteet aus elauter schwaarzwäiss Opnamen.
D'Kerstin Thalau wollt vum Olivier Pierson wëssen, wéi de jonke Public dorop reagéiert. De Konschtenseignant, deen och als Konschtmediateur fir d'"Family of Man" am Clierfer Schlass aktiv ass, huet fir eng Äntwert eng ganz bestëmmt Foto erausgewielt.