Panorama
Panorama
Vun haut u gëllen zu Lëtzebuerg nees nei labber Corona-Mesuren: D'Geschäfter an de Kultursecteur sinn nees op, an et däerf nees méi Sport gemaach ginn Déi kleng a mëttelgrouss Betriber géife staark ënner der Kris leiden, bei de Patrone wier d'Suicide-Gefor geklommen, sot deen neie President vun der UEL virdrun am 100,7 Interview Wéinst dem Brexit si Logistik-Entreprisë mat neien Export-Import-Prozedure konfrontéiert An Däitschland gëlle vun haut u méi streng Corona-Mesuren am ganze Land An den USA wëllen d'Demokraten haut eng Impeachment-Prozedur an d'Weeër leeden, fir de President Donald Trump vu sengem Amt ze entbannen Den Organisateur vum amerikanesche Profi-Golf Championnat PGA 2022 seet, d'Kompetitioun wier net um Golf-Terrain vum Donald Trump A Japan gouf nach eng nei Variant vum Coronavirus detektéiert Den däitsche Gesondheetsminister schéngt awer Ambitioune fir d'Kanzleramt ze hunn