Kultur
D'Publikatioun "Written by Water" ass an dréchenen Dicher
5 min
Corona hat jo bekanntlech och de renomméierte Biennale vu Venedeg e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Si sinn ëm ee Joer verréckelt ginn: d'Architekturbiennale soll elo am Mee 2021, d'Konschtbiennale am Abrëll 2022 Vernissage hunn. Di lëtzebuergesch Molerin Tina Gillen war scho fir d'Konschtbiennale sélectionéiert ginn. A wien hat Lëtzebuerg bei der leschter Editioun 2019 vertrueden? Richteg: de Konzeptkënschtler Marco Godinho. Enn 2020 war eng Publikatioun iwwert seng Participatioun erauskomm. Explikatioune vum Kerstin Thalau