Panorama
Panorama
13 min
Den US Vizepesident Mike Pence invoquéiert NET de 25. Amendement géint den Donald Trump. D'Demokrate wëllen elo eng Impeachment Prozedur lancéieren Eng Impfbereetschaft beim Spidols-Personal wier do, mee gewësse Retizenze géif et ginn, esou en Dokter vum CHEM no Start vun der Impfcampagne an de Spideeler zu Lëtzebuerg Déi däitsch Regierung géif obligatoresch Impfunge géint de Coronavirus weider prinzipiell ofleenen, esou déi däitsch Justizministerin Christine Lambrecht D'Krittäre fir Kannergeld zu Lëtzebuerg ze kréie sollen änneren, wéinst engem Urteel vum Europäesche Geriichtshaff De Premier vun Estland, Jüri Ratas, huet säi Récktrëtt annoncéiert wéinst Korruptiounsvirwërf A Süditalie fänkt haut ee vun de gréisste Mafia Prozess zanter Joerzéngten u géint 350 presuméiert Memberen an Associéë vun der Mafia-Organisatioun 'Ndrangheta