Kultur
D'Trixi Weis an de Vide am Quadrat
8 min
Dëse Samschdeg geet am Diddelenger Centre d'art Dominique Lang der Trixi Weis hir Expo "Empty emptiness" op: e klenge Bonbon, well et sech ëm hir éischt Eenzelausstellung zanter zéng Joer handelt. A leschter Zäit hat si méi mat Concoursen a Commanden ze dinn an natierlech mat hirem Engagement als Presidentin fir d'AAPL, d'Association des artistes plasticiens du Luxembourg.
"Empty emptiness" ass wéi e Parcours opgebaut, duerch deen d'Trixi Weis d'Kerstin Thalau guidéiert huet, natierlech ouni alles ze verroden, fir datt et fir Visiteure spannend bleift.