Kultur
D'Sich no der Identitéit an den Diddelenger Centres d'art
6 min
D'Gemeng Diddeleng huet zwee Centres d'art: eemol d'Galerie Dominique Lang, déi 1973 um Rez-de-chaussée vun der Märei ageweit gouf. 1993 ass se an d'Gare Dudelange-Ville geplënnert. Déi zweet ass d'Galerie Nei Liicht, déi zanter 1982 an der fréierer Villa vum Direkter vun der Arbed installéiert ass. Béid Zentere sollen dem breede Public déi zäitgenëssesch, dacks lëtzebuergesch, Konscht méi zougänglech maachen. Mee ënner den aktuelle Konditioune war dat och zu Diddeleng an der Lescht net evident. D'Kerstin Thalau huet bei der Ausstellungskommissärin Marlène Kreins nogefrot.