Kultur
E bëssen onanstänneg: Danz am Trois C-L
5 min
Zanter véier Méint elo schleeft wéinst der Pandemie dem Trois C-L säi leschten net méi esou neie Projet, deen den 3. Februar endlech soll opgeféiert ginn. Ursprénglech mat sechs Choreographië fir de vergaangene 6. Dezember geplangt, ass dat Ganzt eng éischte Kéier op den 3. Januar verluet ginn, duerno op den 3. Februar.
Fir datt all sanitär Mesuren agehale ginn, trëtt beim 1+1 au 3 am Trois C-L all Dänzer jeeweils nëmme virun engem Zuschauer am Raum op. Insgesamt kann ee vun 12 Projeten der néng ukucken. Och online.