Panorama
Panorama
11 min
"Mir gi vergiess": Ënner deem Motto war de Mëtteg an der Stad eng Demonstratioun vu Leit, déi am Horeca-Secteur schaffen. Trotz Hëllefe vun der Regierung kéinte vill vun hinnen net méi laang iwwerliewen, sot eis d'Patronne vun enger Bar Fir d'Fleegepersonal wier d'Situatioun weiderhi schwiereg - et géif ee Risiko ginn, datt vill Infirmièren wéinst den Erfarungen an der Kris hire Beruff kéinten opginn, esou d'Presidentin vun der Infirmiers-Associatioun de Mëtteg an eiser Emissioun Riicht eraus De Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, den Armin Laschet, soll neien CDU-Chef an domatt och méigleche Kanzlerkandidat ginn. Hie gouf um CDU-Parteidag als neie Partei-Chef gewielt An Uganda gouf dee laangjärege President Yoweri Museveni offiziellen Resultater no fir e sechst Mandat als Staatschef zeréckgewielt An Indien huet eng Massen-Impfcampagne géint de Coronavirus ugefaangen Am Fussball an der Bundesliga huet Leipzig d'Chance verpasst fir Tabelleleader ze ginn, mat engem 2-2 géint Wolfsburg