Kultur
D'Fotografin Cristina Dias de Magalhães gesäit villes duebel
9 min
D'Cristina Dias de Magalhães ass Fotokënschtlerin, si huet en Dokter-Titel a plastescher Konscht a Konschtenseignante. Nodeems si zu Paräis, New York, Hongkong, Berlin an, déi lescht zwee Joer, zu Genf gelieft huet, ass si elo nees zu Lëtzebuerg.
An hirer Foto-Konscht an an hire Recherchen huet d'Vue op de Réck, op Récker, laang dominéiert. Mee 2016 koumen hir Zwillingsduechteren op d'Welt, an dat huet alles changéiert. An der Diddelenger Galerie Nei Liicht presentéiert d'Cristina Dias de Magalhães dozou tëschent dem 16. Januar an dem 21. Februar 2021 d'Expo "Instincts. Same but different". Explikatioune vum Kerstin Thalau