Kultur
D'"Migrant Mother" an der "The Family of Man"
5 min
Si moosst just 35 mol 30 Zentimeter, an awer ass et eng vun de bekanntsten Opname vun der "The Family of Man": d'"Migrant Mother". Esou war, zum Beispill, virun 20 Joer en zäitgenëssesche Print vun der Dorothea Lange hirer Foto fir knapps 250.000 Dollar versteet ginn. D'Wierk huet eng Fotografin weltberüümt gemaach; d'"Migrant Mother" selwer ass eréischt no der Dorothea Lange hirem Doud, an den 1970er, un d'Ëffentlechkeet gaangen.
D'Kerstin Thalau an d'Anke Reitz, Responsabel fir d'Steichen Collections zu Lëtzebuerg, iwwer d'Geschicht hanner der Foto.