arrow_back_ios
Klassik aktuell
Klarinettist, Komponist, Dirigent
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
De Jörg Widmann, Joergang 1973, gehéiert zu deene Komponisten, déi am meeschte gefrot sinn. Ob fir Sinfonieorchester, Oper, kleng Ensembelen oder Solo-Instrument, seng Kreatioune gi weltwäit geschätzt. Dernieft ass de Jörg Widmann och nach mat senger Klarinett vill ënnerwee, wéi zum Beispill e Méindeg, 25. Januar, mat engem Solo-Programm am grousse Sall vun der Philharmonie. De Museker spillt Kompositiounen aus dem 20. an 21. Joerhonnert. De Manuel Ribeiro huet mam Jörg Widmann geschwat.