arrow_back_ios
Klassik aktuell
Schüler vu Massenet, Franck an d'Indy
D'symphonesch Dichtung "Viviane" oder "Poême pour violon et orchestre" sinn déi zwee bekanntste Stécker vum Ernest Chausson, déi haut nach reegelméisseg op d'Affiche vu Concerte stoe kommen. Allerdéngs ass d'Musek vum Chausson, deen eigentlech Droit studéiert hat, net just op dës zwee Wierker ze reduzéieren. Den Ernest Amédée Chausson gouf den 20. Januar 1855 gebuer. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vum Komponist.