arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Ech géif nach gär Oper an Zarzuela sangen"
De spueneschen Tenor Placido Domingo ass e vun de bedeitendste Sänger an der Operegeschicht. Seng Carrière huet 1967, also virun iwwer 50 Joer, zu Hamburg als Cavaradossi an der Puccini-Oper " Tosca " ugefaangen. Zanterhier stoung en op alle groussen Operebühne vun der Welt. An deene leschte Joren ass den Domingo altersbedéngt an d'Bariton-Fach gewiesselt. Haut feiert de Placido Domnigo säin 80. Gebuertsdag.