Kultur
"Figure in Print" an MNHA a BNL
Wien e kulturhistoresch wichtegen, mee am Alldag vernoléissegten, Thema richteg grouss erausbrénge wëllt, deet sech hautdesdaags am beschte mat Partneren zesummen. Den Nationalmusée, d'Nationalbibliothéik an de Kënschtlerkollektiv "Empreinte" hu sech fonnt, fir tëscht Enn Januar an Enn Juni d'Konschttechnik vun der Drockgrafik -an Ausstellungen- gemeinsam en Valeur ze setzen. Dat Ganzt ënnert dem Titel "Figure in Print", respektiv "D'Representatioun vum Mënsch an der lëtzebuerger Gravure zanter 1945". Explikatioune Kerstin Thalau.