Kultur
Den "Empreinte"-Kollektiv zum Thema "Figure in Print"
"Empreinte" bedeit Androck, Ofdrock, Foussspuer. Am Atelier "Empreinte" hunn, zanter 1994, Interesséierter d'Méiglechkeet, manuell Drocktechniken ze praktizéieren. 2018 hat den "Empreinte"-Kollektiv mat enger Expo a Konferenzen 25. Gebuertsdag gefeiert. D'Manifestatioun hat och Vertrieder vum Nationalmusée an der Nationalbibliothéik beandrockt. Et gouf eng gemeinsam Expo geplangt. Den 22. Januar geet ee Volet dovunner am MNHA op, den 28. deen zweeten an der BNL. D'Kerstin Thalau ass vun "Empreinte"-Kënschtler méi iwwert d'Faszinatioun fir d'Drockgrafik gewuer ginn.