Kultur
D'CoopérationsART-Kënschtler an der Escher Squatfabrik
Eng Rei Kulturhaiser haten de leschte Summer spontan Aktioune lancéiert, fir d'Kënschtler vu Lëtzebuerg, a komplizéierten Zäiten, ze ënnerstëtzen. Esou hat zum Beispill d'Escher Kulturfabrik hir "Squatfabrik" opgemaach: am zwee bis dräi Woche-Rhythmus ware Kreativer am fréiere Keramikatelier vun der Kufa a Konschtresidenz. Mat dobäi: de Wolzer Kënschtlerkollektiv cooperationsART.
D'Zesummenaarbecht hat esou gutt geklappt, datt de Grupp fir Enn Januar 2021 fir eng zweet Residenz op Esch komme soll. Dann net just fir 14 Deeg, mee fir e ganze Mount; net just an der Squatfabrik, mee och an der Galerie Terres rouges, a mat Expo zum Theema "What made you look for a safe place". En attendant: d'Kerstin Thalau mat e puer Impressioune vum Summer 2020.