Kultur
Mat Luucht dem Foyer vum Mudam eng aner Identitéit ginn
De Multi-Milliardär François Pinault ass net just als erfollegräichen Entrepreneur bekannt, ma och als aflossräiche Konschtsammler. Aarbechte vun Andy Warhol, Mark Rothko, Jeff Koons oder Damien Hirst weist hien zum Beispill an 2 historesche Lieuen zu Venedeg, di hien a Muséeën ëmfunktionéiere gelooss huet. Zanter 2019 ass d'Équipe vum Mudam a Kontakt mam Pinault fir eenzel Wierker aus hirer Sammlung mat sengen am Pei-Musée ze konfrontéieren. Bis de 5. Abrëll geet et ëm den Dialog tëscht 2 Luuchtinstallatiounen. Explikatioune Kerstin Thalau.