arrow_back_ios
Europa Aktuell
Europäesche Procueur: Am Mäerz net voll operationnell
Wäit iwwert 400 Milliounen Euro ginn aleng dem Europäesche Budget all Joers duerch Korruptioun verluer. D'Fraude bei der TVA gëtt op 40 bis 60 Milliarden Euro geschat.
Dofir ze suergen, datt des Zomme méi kléng ginn, ass d'Haaptaufgab vum Europäesche Parquet. Schonn 2017 war decidéiert ginn, des nei Institutioun mat Sëtz zu Lëtzebuerg op d'Been ze setzen. Spéitestens am Mäerz 2021 sollt déi nei Institutioun operationnel sinn, dat wäert awer just zum Deel klappen - sot gëscht den zoustännegen EU-Kommissär.