arrow_back_ios
Klassik aktuell
Bach-Suiten an der Basilika
Den Cellist Stephan Schultz huet 1995 zesummen mat aner Museker den Leipziger Barockorchester gegrënnt. Seng Passioun fir historesch Opféierungspraxis huet et mat sech bruecht, datt en 2006 och artisteschen Direkter vum franséische Barockensemble "Le Concert Lorrain" gëtt. Iwwermuer Samschdeg (30.1.2021) trëtt de Stephan Schultz mat sengem Cello eleng an der Basilika zu Iechternach op. Mat derbäi huet en d'Partituren vun deenen dräi éischten Cellossuiten vum Johann Sebastian Bach. De Manuel Ribeiro huet mam Cellist geschwat.