arrow_back_ios
Kultur
D'Rekonstruktioun vum Land nom Zweete Weltkrich
Virun allem den Norden an den Oste vum Land goufen am Krich uerg zerstéiert. D'Geschicht vum Remopbau ass eng, déi nach wéineg erfuerscht ginn ass. D'Duebelausstellung "Ons zerschloen Dierfer" zu Dikkrech gëtt en Abléck. Viru Kuerzem hat hire Curateur Benoît Niederkorn eng Videokonferenz zu deem Sujet ofgehalen. E Bäitrag vum Michel Delage.