Kultur
D'Spill mam "L'homme gris" geet an d'Verlängerung
An enger Nouvelle vum Adalbert von Chamisso verkeeft e gewësse Peter Schlemihl engem groe Mann säi Schiet, ouni ze wëssen, datt en op déi Manéier seng Séil un den Däiwel ofgetrueden huet. De groe Mann war onopfälleg, hat weder e béise Bléck nach Haaren, deemno net als Jomer ze erkennen. De Paräisser Konschthistoriker Benjamin Bianciotto huet sech domat befaasst, wéi di zäitgenëssesch Konscht dësen "homme gris" verbildlecht. Am Casino an der Ënneschtgaass presentéiert hien d'Aarbechte vun 20 Artisten. D'Kerstin Thalau ass vum Benjamin Bianciotto méi iwwert seng Recherche gewuer ginn.