arrow_back_ios
Klassik aktuell
Héichromantesch Musek mat enger Touche Italianità
Mam Seong-Jin Cho mécht haut den Owend e jonken südkoreanesche Pianist säin Début an der Philharmonie. De Seong-Jin Cho ass Lauréat vum Tschaikowsky-Concours zu Moskau a vum Warschauer Chopin-Concours. D'Musek vum Frédéric Chopin ass e Schwéierpunkt vum Pianist sengem Répertoire. Den Owend spillt en an der Philharmonie den éischte Pianosconcerto vum Chopin, zesummen mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Gustavo Gimeno. De radio 100,7 iwwerdréit de Concert live um 8 Auer.