Klassik aktuell
Skandinavien an déi europäesch Traditioun
De schwedesche Komponist Wilhelm Stenhammar huet déi musikalesch Isolatioun vu Skandinavien, Distanz zu der europäescher Traditioun net acceptéiert a se a senge Kompositiounen iwwerbréckt an zesummegeféiert. Dat mécht de Stenhammar zu dem wichtegste schwedesche Komponist am Iwwergang op d'20. Joerhonnert. Als Dirigent a Matgrënner vun de Göteborger Symphoniker huet en iwwerdeems och eng bedeitend Roll am schwedesche Museksliewe gespillt. De Wilhelm Stenhammar kënnt virun 150 Joer, de 7. Februar 1871, zu Stockholm op d'Welt. Hien ass de Komponist vum Mount um radio 100,7.