Klassik aktuell
Klarinettist, Komponist, Dirigent
10 min
Deen 1973 gebuerene Jörg Widmann gehéiert zu deene Komponisten, déi am meeschte gefrot sinn. Ob et fir Sinfonieorchesteren, Opereberäich, kleng Ensembelen oder Solo-Instrumenter, seng Kreatioune gi weltwäit geschätzt. Mee de Jörg Widmann ass als Pedagog och nach mat senger Klarinett vill ënnerwee, wéi zum Beispill de Méindeg 25. Januar eleng am grousse Sall vun der Philharmonie. De Museker huet dofir e Repertoire erausgewielt aus dem 20. Joerhonnert an aus eiser Géigewaart.
De Manuel Ribeiro huet mam Jörg Widmann geschwat.