arrow_back_ios
Kultur
Den Haruki Murakami an der "Erste Person Singular"
Ënner dem Titel "Erste Person Singular" huet den Haruki Murakami a sengem neie Buch aacht Erzielunge vereenegt. Den Ech-Erzieler erënnert sech doranner un zoufälleg Renconteren a koppeg Ereegnesser aus sengem Liewen, esou zum Beispill un eng Fra, mat där hie seng Passioun fir Schumann gedeelt huet, oder un en Af, dee schwätze konnt, a mat deem hien an engem Onsen e Béier gedronk huet. Mee ass dat wierklech alles esou passéiert? Oder spillt seng Erënnerung him eng? D'Angelika Thomé stellt d'Buch vir.