Klassik aktuell
Mozart vum 19. Joerhonnert
"Mozart vum 19. Joerhonnert" - esou huet de Robert Schumann säin Zäitgenosse Felix Mendelssohn Bartholdy genannt. De Mendelssohn huet effektiv schonn als Kand gewisen, datt hien e musikalescht Ausnametalent wier. Als Teenager schreift hien 12 Symphonië fir Sträicher - laang virun deene Wierker, déi haut reegelméisseg am Concert ze héiere sinn. De Felix Mendelssohn Bartholdy huet awer och an de Museksinstitutioune seng Spueren hannerlooss: als Grënner vum Conservatoire zu Leipzig, als Dirigent vum Gewandhausorchester, als Grënner vum Berliner Doumchouer. Den 3. Februar 1809 kënnt de Felix Mendelssohn Bartholdy zu Hamburg op d'Welt.