Europa Aktuell
/ Exportrestriktioune fir Impfstoffer suerge fir weider Kritik un der EU
Exportrestriktioune fir Impfstoffer suerge fir weider Kritik un der EU
An der EU lafen d'Impfcampagnen deels méi lues, wéi se kéinten, well ze mann Impfstoff do ass.
Schold dorun ass d'Europäescher Kommissioun, déi den Akaf vun Impfstoffer koordinéiert huet, esou de Reproche, dee vu verschiddene Säite kënnt. Bréissel steet ëmmer méi ënner Drock - an huet elo selwer dozou bäigedroen, datt deen Drock net noléisst.
Well gefaart gëtt, datt d'Impfstoff-Produzenten sech net un d'Ofmaachungen an de Kontrakter halen an doduerch der EU Vaccin verluer geet, sinn zanter dëser Woch nei Reegelen a Kraaft: D'Entreprisë mussen eng Autorisatioun fir den Export vun Impfstoff ufroen. Dat suergt fir nei Kritik - an déi kënnt och vun deenen, déi bis elo hanner der Kommissioun stoungen.
Danièle Weber mat Hannergrënn