arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Il boemo"
Wier de Mozart net op d'Welt komm, wier de béimesche Komponist Josef Myslivecek haut genee esou bekannt wéi säin Zäitgenossen, esou d'Theorie vum Musekolog Daniel E. Freeman. Dee jonken Éisträicher an dee méi eeleren Museker aus Béimen hate sech kennegeléiert an immens appreciéiert. Den Myslivecek huet virun allem an Italien als genialen Operekomponist gegollt an och do säin Spëtznumm "Il boemo" krut. De Josef Myslivicek ass am Alter vun 43 Joer, de 4. Februar 1781, also genee virun 240 Joer, gestuerwen.