arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Demain la montagne"
En nächste Sonndeg, 7. Februar 2021 ass an der Philharmonie e Concert mam Orchestre de Chambre du Luxembourg, dës Kéier ënner der Direktioun vum Carlo Rizzari, en Dirigent, deen net fir d'éischt virum OCL steet. Solistin ass déi däitsch Sopranistin Samantha Gaul.
Um Programm steet déi 4. Symphonie vum Gustav Mahler an och eng Kreatioun vum Olivier Dartevelle, dee bei eis am Studio war, fir iwwer seng nei Kompositioun "Demain la montagne" ze schwätzen.