arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Mir geet et am Beschten, wann ech ka Musek maachen"
Aacht Concerte bannent zwou Woche mam südkoreanesche Pianist Seong-Jin Cho - de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg a säi Chefdirigent Gustavo Gimeno hunn am Ablack een décke Programm am Agenda. De Gustavo Gimeno gesäit dat als grousse Privileeg - an dësen Zäiten iwwerhaapt kënne Musek viru Public ze maachen.
Mir hunn mam Gustavo Gimeno de Bilan vun engem Joer Pandemie-Programm gemaach an iwwer d'Zesummenaarbecht mam Pianist Seong-Jin Cho geschwat.