arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Er ist leider eine ganz ungebändigte Persönlichkeit"
Si si sech just eemol begéint: den Dichterfürst Johann Wolfgang von Goethe an de Komponist Ludwig van Beethoven, dee sech selwer iwwer de Fürst gesinn huet. An deementspriechend ass déi memorabel Renconter am Joer 1812 och verlaf: de Goethe, de grousse Weltmann, deen op Etikett hält an de Beethoven, iwwer deen de Goethe schreift: "Er ist leider eine ganz ungebändigte Persönlichkeit."