Kultur
"Me, Family" net just am Mudam
"Me, Family" sollt DÉI grouss Attraktioun am Mudam ginn: d'Foto- a Video-Expo war vun dräi italieenesche Konschtspezialiste fir sämtlech Niveauen a Galerië vum Pei-Musée, als zäitgenëssesch Ergänzung fir dem Edward Steichen seng berüümt "The Family of Man", konzipéiert ginn. Mee du koumen d'Corona-Restriktiounen, an de Montage mat 24 Kënschtler aus 14 Länner war net méi méiglech. Schliisslech gouf "Me, family" als digital Plattform lancéiert. An esouguer d'Presentatioun vum Projet war digital, also iwwer Zoom. D'Kerstin Thalau mat den Detailer.