arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Rees an d'Bierger
De 5. Mee 2019 stoung de Carlo Rizzari eng éischte Kéier um Pult vum Orchestre de Chambre du Luxembourg mat engem italienesche Programm. Dëse Sonndeg, 7. Februar 2021, steet hien nees emol virum OCL fir e Concert, wou et ëm Musek geet, an där de Mënsch an d'Natur am Mëttelpunkt stinn. Nieft der 4. Symphonie vum Gustav Mahler huet dem Olivier Dartevelle seng neiste Kompositioun Première: "Demain la montagne". Den Dirigent Carlo Rizzari ass am Studio fir e Gespréich.