arrow_back_ios
Klassik aktuell
Grousse Succès als Operekomponist zu Paräis
D'Geschicht vum Guillaume Tell gouf scho virum Gioacchino Rossini vertount. Den André Grétry léisst de faméise Schwäizer Held, anescht wéi de Rossini, an enger Opéra Comique optrieden. Mat senge 70 Operen hat de Belsch André Grétry virun allem zu Paräis vill Erfolleg. Den André Grétry koum den 8. Februar 1741 zu Léck op d'Welt, also genee virun 280 Joer. De Manuel Ribeiro mat Detailer.