arrow_back_ios
Klassik aktuell
Editeur vu Beethoven a Mozart
Laang Zäit gouf et fir d'Multiplikatioun vu Museksmaterial just eng Méiglechkeet: Et huet ee Kopisten engagéiert, déi d'Noute vun Hand ofgeschriwwen hunn. Eréischt wéi sech Dréckereien als Geschäft richteg etabléiert an och Prozesser fir den Noutendrock entwéckelt haten, hu sech fir Komponisten aner Méiglechkeeten opgedoen. Mat der Grënnung vu spezialiséierten Editiounshaiser koum d'Noutegeschäft richteg a Schwong. Ee vun de Pionéier war de Komponist Franz-Anton Hoffmeister, deen den 9. Februar 1812 zu Wien gestuerwen ass.