arrow_back_ios
Klassik aktuell
Les Contes d'Hoffmann
Dem Jacques Offenbach seng Pärel ass keng komesch Oper, mee eng richteg eescht grouss Oper: "Les Contes d'Hoffmann". E Succès, deen hien awer leider net méi materliewe sollt. "Les Contes d'Hoffmann" hat den 10. Februar 1881 an der Opéra comique zu Paräis Première a steet haut reegelméisseg um Programmer vun deene groussen Operenhaiser. De Manuel Ribeiro huet nogesicht.