arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Till Eulenspiegel am Cube 521
Den Till Eulenspiegel ass eng Figur, déi Generatioune vu Kanner ëmmer erëm faszinéiert. Schonn de Richard Strauss hat seng "Lustige Streiche" vertount. Die kleine Oper Homburg huet aus der Geschicht eng Familljenoper zesummegestallt, an där bekannten Operarien, Popmusek an Danz kräizen. Op der Bün stinn Operesänger, déi vun engem Pianist begleet ginn. "Till Eulenspiegel" ass e Samschdeg (13.02.2021) am Cube 521 zu Maarnech ze gesinn. De Manuel Ribeiro huet mam Markus Neumeyer vun der Kleine Oper Homburg geschwat.