Klassik aktuell
Eng solistesch Karriär als grousst Zil
Laureatin vun e sëllege Concoursen, mat néng Joer Studium op der Musekshéichschoul zu München an neierdéngs Stipendiantin vun der internationaler Museksakademie zu Liechtenstein: d'Geiistin Maya Wichert ka mat hire 15 Joer schonn op een zolitte Parcours zeréckkucken. Déi jonk Musekerin vu München huet e grousst Zil: eng solistesch Karriär a sech stänneg als Interpretin a Persoun weiderentwéckelen. Bei déi vill Präisser, déi d'Maya Wichert scho gewonnen huet, kënnt dëst Joer nach een derbäi: den Discovery Award vun den International Classical Music Awards, e Jury, an deem och de radio 100,7 Member ass.