arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Ein neues vortrefliches Clavier Concert"
Dem W.A. Mozart säi 20. Pianosconcerto war eent vun deene Wierker, déi de Ludwig van Beethoven ganz besonnesch beschäftegt hunn. Et ass zum Deel deen Tounfall, deen och dacks am Beethoven senger Musek virkënnt. Fir vill Interpreten ass dësen 20. Pianosconcerto ee vun deenen éischten romantesche Concerti. D'Uropféierung war den 11. Februar 1785 zu Wien.