arrow_back_ios
Klassik aktuell
Diplomat a Komponist
Et wonnert e sech ëmmer nees, wéi et Komponiste fäerdegbruecht hunn, herrlech Musek ze schreiwen, obschonns dat net hiren Haaptberuff war. Den Agostino Steffani war apostolesche Vikar an Diplomat, dee vill uechter Europa gereest ass an awer nach Zäit fonnt huet fir Sakralmusek an Operen ze komponéiere mat franséischen, däitschen an italienesche Charakteristiken. Den Agostino Steffani ass den 12. Februar 1728 gestuerwen.