Kultur
Fuesserie "Jonker an Transitioun": Stéchwuert Corona
Déi ausgebilte Grafikerin, haut fräischaffend Fotografin, Séverine Peiffer, Joergang 1981, schafft mat Virléift mat enger aler Fototechnik aus dem 19. Joerhonnert: dem Kollodium-Naassplacke-Procédé. Deen erfuerdert extreem laang Beliichtungszäiten, wat der Kënschtlerin erméiglecht, de Mënsch domat reell ze erfaassen.
Bis Abrëll 2021 presentéiert d'Séverine Peiffer am Märeler Park, also am Espace public, zéng impressionant Foto-Portraiten, déi si vu Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch gemaach huet. D'Kerstin Thalau faasst de Wee vum Projet, vun der Iddi bis zur Expo, an enger Fuesserie fir Iech zesummen.