arrow_back_ios
Klassik aktuell
Der Gedankensammler
Den Herr Grantig sammelt all Zort vu Gedanken; där nodenklecher, där witzeger, där traureger, där gescheiter. E versuergt se, e fleegt se, well Gedanke sinn empfindlech a verletzlech. 1986 verëffentlecht d'Monika Feth hir Geschicht "Der Gedankensammler", aus där de Martin Folz, laangjäregen Direkter vun der Chouerschoul vum Conservatoire du Nord, eng musikalesch Geschicht gemaach huet. Nodeems aus der Première am Mee näischt gi war, gouf ëmdisponéiert. "Der Gedankensammler" gouf elo zu Ettelbréck enregistréiert.