arrow_back_ios
Klassik aktuell
Italian Baroque Mandolin Sonatas
Am August 2019 huet den Ensembel Artemandoline direkt zwee Disken an der Église romaine zu Saint-Martin opgeholl. Nodeems deen éischten Disk virun e puer Méint erauskoum, ass elo och deen zweeten bei Deutsche Harmonia Mundi eraus. Ënner dem Titel "Italian Baroque - Mandolin Sonatas" entdeckt een zesumme mat Artemandoline nees emol italieenesch Komponisten aus där Zäit. De Manuel Ribeiro huet mam Juan Carlos Munoz, Chef vun Artemandoine, geschwat.