arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Quintett Pforte zu Buerglënster
An Éisträich gehéiert de Quintett Pforte mat sengem Gesamtkonzept Musek, Literatur, Opnamen a gastronomesch Delikatessen ze kombinéieren, zu deenen innovative Kammermusekensembelen. En nächste Sonndeg (28.2.2021) ass Pforte am Kader vum Buerglënster Festival um 17:00 Auer am Schlass ze héieren. Um Programm sti Wierker vum Franz Schubert a vun der Maria Bach. De Manuel Ribeiro huet mam Braatschist Klaus Christa geschwat.