Klassik aktuell
Rinaldo, den Hit vum Händel
An der Oper "Rinaldo" vum Georg Friedrich Händel sinn immens vill bekannte Melodië verstoppt. Dem Komponist blouf net vill Zäit, fir d'Oper ze schreiwen. Am Dezember 1710 war de Projet decidéiert, zwee Méint drop sollt schonn d'Première sinn. Fir kënnen déi enk Planung anzehalen, huet den Händel misse ganz séier schaffen, an en huet sech net genéiert, Arien aus eegene Wierkernees opzegräifen. Wéi esou dacks beim Händel geet et a "Rinaldo" ëm Libesintrigen um Fong vun historeschen Episoden. "Rinaldo" gouf de 24. Februar 1711, also viru genee 310 Joer, zu London uropgefouert. De Manuel Ribeiro mat Detailer