arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng ongewinnt Kombinatioun
Gei, Cor a Piano - eng ongewinnte Kombinatioun, fir déi et an der Kammermusek emol kee spezielle Fachausdrock gëtt. Dräi ganz ënnerschiddlech Klangfaarwe vermëschen sech hei am Trio, an déi richteg Mëschung ze fannen ass och d'Erausfuerderung fir den Haoxing Liang (Gei), de Leo Halsdorf (Cor) an d'Kae Shiraki (Piano) e Sonndeg am Concert an der Philharmonie. Um Programm sti Kompositioune vum Trygve Madsen a vum Carl Czerny.