arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Joerhonnert-Stëmm
Eng Joerhonnertstëmm, eng Karriär, wéi se am Fong nëmmen een Zenario an Hollywood schreiwe kann: Den Enrico Caruso ass fir vill Melomanen dee gréissten Tenor vun allen Zäiten. Als Sänger an engem Kierchechouer huet alles ugefaangen. 1903 stoung hien op der Bün vun der MET zu New York a war een internationale Star. Den Enrico Caruso koum de 25. Februar 1873 zu Neapel op d'Welt.